top of page

À la une

Sophi(e)stication

1.200 – dat ass d’Unzuel u Masken, déi d’Sophie Dewalque bis elo gebitzt huet. Eigentlech war d’Iddi vun der Stylistin, sech bei govjobs.lu unzemellen a via d’Scouten seng Maske verdeelen ze loossen. Ma de System vu #BitzDoheem war awer net dat, wat d’Grënnerin vu Sophi(e)stication gesicht huet: â€œD’Maske sinn op Stock gehale ginn, obwuel vill Leit dës dringend gebraucht hätten, virun allem déi déi als Educateur mat Handicapéierte schaffen oder Leit an Altersheemer.“ Well d’Sophie awer kee Business aus senge Maske maache wollt, huet hatt sech missen eppes afale loosse fir de Mondschutz weider ze bitzen, d’Käschte vu Stoff, Lastik a Co. awer kënnen zum Deel ze decken. Den Opruff zum Don war d’Léisung – egal op Suen oder awer Material. Aus e puer Maske sinn der schnell 30 bis 80 den Dag, esou dass dat 36-Järegt vun Télétravail mam Accord vu sengem Direkter zum Vollzäit-Bitze geswitched ass. â€žEch schaffen Hallefzäit als Selbststännegt, kréien awer wieder meng Paie, wat bei ville Createuren net de Fall ass. Dat hei ass mäi klenge Bäitrag fir all deenen ze hëllefen, déi et den Ament méi schwéier hunn wéi ech“, esou d’Sophie.

#artiste#pandemie#supportartist#funday#b

Fir dëst och kënnen esou effikass wéi méiglech ëmzesetzen, verzicht d’Stylistin op Smalltalk mat de Clienten oder eng geziilten Auswiel vu Stoffer. Gebitzt gëtt, wat doheem nach vun ale Kollektioune recht ass oder wat d’Leit him schenken, esou ënner anerem och Bettgedécks, wat d’Sophie einfach gefierft huet. â€žEch hu missen e bëssen erfinderesch ginn, vu dass Saache wéi Lastiker mëttlerweil iwwerall en rupture de stock sinn, dofir hunn ech ugefaangen, T-shirten ze zerschneiden oder d’Bännercher aus Collanten ze maachen, dat ass fir mech bis elo de beschte System“, verréit hatt. Säi Modell ass dobäi ëmmer dee selwechten: eng Mask mat véier Säiten, zwou bannen an zwou baussen, plus enger Ëffnung, wou ee selwer nach e Nuesschnappech oder Filter kann draleeën. Bestelle geet och beim Sophie einfach via Message an och wann hatt net vill Zäit huet fir Kosettercher ze halen, ass seng Aarbecht dach eng wäertvoll, esou d’Sophie: â€žWa mir iergendwann rëm all kënnen normal erausgoe well mir Masken hu fir unzedoen, da bitzen ech wieder, well dovun hu mir all eppes.“

​

Et gëtt also kee Grond méi fir d’Haus net stylesch ze verloossen an dat och a Coronazäiten.


Laura Tomassini

%23masks%23handmade%23staysave%23staysavehome%23bleiftdoheem%23masquetissu_edited.jpg
bottom of page